![](https://bienetre-heffingen.com/wp-content/uploads/2021/05/tree-247122.jpg)
Santé & Bien-Etre Hiefenech
SBE huet et sech zur Aufgab gemaach, zesumme mat den AwunnerInnen vun eiser Géigend, mat de Gemengeverwaltungen a mat Experten Aktivitéiten unzebidden, déi d’Gesondheet, d’Wuelbefannen an d’Gefill vun Zesummegehéieren vun de Leit fërderen.
Entdeckt eis Associatioun
![stencil.small-square stencil.small-square](https://bienetre-heffingen.com/wp-content/uploads/2021/05/stencil.small-square.png)
![stencil.small-square stencil.small-square](https://bienetre-heffingen.com/wp-content/uploads/2021/05/stencil.small-square.png)
![team-4529717_1920 team-4529717_1920](https://bienetre-heffingen.com/wp-content/uploads/2021/05/team-4529717_1920.jpg)
Eis Partner
Fir eng méiglechst breet Palette vun Aktivitéiten unzebidden, brauche mir Leit, déi hir Liewenserfarung, Qualifikatiounen, Fäegkeeten a Wësse bäidroen. Nieft Kursleiteren, Riedner asw. ka jiddereen, deen eng Offer ausserhalb vun SBE mécht, déi dem Zweck a Geescht vun eiser Associatioun entsprécht, och als Partner an des Rubrik opeholl ginn.
![](https://bienetre-heffingen.com/wp-content/uploads/2021/05/road-1072823-scaled.jpg)